Eng Rees as ëmmer eng spannend Aventure, sou och fir den Olivier, fir hien stecht allerdengs méi dohannert...
![]() |
"106 year old mother", picture taken by Olivier M. Scheer in Vietnam |
En harmlosen Stage fir d'Schoul, den den jonken Student an Neuseeland verbrengen dierft, huet bei him d'Reesféiwer ausgeléist. Fotograféiert huet hien schon ëmmer gäer, allerdëngs huet dësen Hobby sait dem Reesen fir hien eng gréisser Bedeitung kritt. Dokumentéieren vun Emotiounen, vun der réeller Welt.
Aus dem Grond sin touristesch Motiver sin fir hien Tabu: "Ech versichen mech sou streng wei méiglech vun den typeschen Touristenbiller fern ze haalen, vermeiden Sonnenopgäng an -ennergäng, asw...". Fir hien as wichteg esou no wéi méiglech un den Awunner an dem Alldag vun den verschiddenen Kulturen drun ze sin.
Aus dem Grond sin touristesch Motiver sin fir hien Tabu: "Ech versichen mech sou streng wei méiglech vun den typeschen Touristenbiller fern ze haalen, vermeiden Sonnenopgäng an -ennergäng, asw...". Fir hien as wichteg esou no wéi méiglech un den Awunner an dem Alldag vun den verschiddenen Kulturen drun ze sin.
"Deemols sin ech mat enger typescher Valise mat Rieder gereest", wat fir hien nët vill mat dem richtegen Reesen ze din haat. Destinatiounen wéi Singapore, Bali, Fiji, San Francisco oder New York waren fir hien deemols nach nët dat Freiheetsgefill wéi haut.
Fräi wéi en Villchen wollt den Olivier sin, an dowéinst huet hien ët och nët laang zu Lëtzebuerg ausgehaal.
Indien war sain next Ziel, an bleiwt bis haut och seng léifsten Destinatioun.
"Indien as eng Explosioun vun all dengen Sënner, en Mix aus purer Freed an Trauregkeet", perfekt fir den Olivier d'Kamera auszepaacken. Dobei gëtt d'Kamera just eenmol am Joer ausgepaack, wann eng besonnesch Rees usteet, e bessen wéi en Cado, den hien sech selwer mescht.
Op een bestemmten Style wëll den Olivier sech allerdëngs nët festsëtzen. Et as éischter en Mix vun Street, Portrait an Landschaft.
Sain Wonsch fir d'Zukunft besteet draus, sech nie vum Reesen ofhaalen ze loossen an ëmmer dat "richtegt" Reesen beizebehaalen, wëll dat as ët, wat emotional Fotoen an Lierwens- an Reeserfahrung ausmaachen.
Olivier is a student from Luxembourg who discovered his passion for traveling during his internship in New-Zealand. Photography was always important for Olivier, but until many of this trips, it is one of the important things in his life. It is not only taking a picture, it is the documentation of emotions, of the real life.
Fir weider Info'en an Fotoen liked seng Facebook-Sait / More Infos and Pictures on Facebook:
https://www.facebook.com/OlivierMScheerPhotography
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen