Samstag, 29. März 2014

Christine Xuan Photography: Fashion meets Beauty



Den 07 Februar 1991 as zu Lëtzebuerg en neit Talent gebuer gin. D'Christine Xuan as eng jonk Fotografin, déi lo schon mat den Top-Fotografen locker mathaalen kann.

Picture taken by Christine Xuan

An der Schoul war hatt kënschtleresch ënnerfuerdert, an no e puer Recherchen huet hatt d'Plattform DeviantArt entdeckt. DeviantArt as eng Community, wou talentéiert Leit hier eegen Wierker firstellen kënnen. Dat huet Christine dozou bruecht d'Fotografie auszeprobéieren, an et huet geklappt.
Als Haaptmotiv zielen fir hatt d'Menschen, am léifsten Fraen: "Fraen kënnen delikat an fragile sin, awer och glaichzäiteg Stäerkt weisen."
Sou kënnt et och, dass d'Christine verschidden Musen huet, ënnert aanerem och dat bekannten lëtzeboiescht Model Sonia Gleis. Hatt brengt den Fraen hier Schéinheet regelméisseg an Szene an sou entsteht eng verdreemten an verspillten Welt mat vill Léift zum Détail, vun Pastellfaarwen bis zum daischteren, verruchten Stil.
Als Mensch beschreift d'Fotografin sech selwer als léif an kreativ. Duerfir kann hatt sech och nët firstellen eppes onkreatives als Beruff ze maachen. "Am léifsten vun der Kreativitéit lierwen kënnen", dat wënscht hatt sech. D'Zukunft gesait dChristine dowéinst nët zu Lëtzebuerg, mee éischter am Ausland: "Lëtzebuerg as leider ze kleng fir Fotografie als Beruff ausüben ze kënnen".
Ech sin mir secher dass d'Christine am Ausland, wéi och zu Lëtzebuerg eng grouss Fotografin gëtt :)

by Christine Xuan

The 07th february 1991 was born a new talent in Luxembourg. Christine Xuan is a young fashion photographer, who discovered photography on DeviantArt, a young creativ community.
Her main themes are people, especially women. "Women are sensitive and fragile, and at the same time strong and powerful." Christine's pictures are dreamy but also dark and sexy. We hope to see much more of these wonderful pictures from this talented woman.


Kuckt ierch seng Aarbeschten un an loosst ierch verzauberen / Have a look: 

www.christinexuan.com

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen