Donnerstag, 22. Mai 2014

Fashion Victims: l'industrie de l'habillement au Bangladesh

Gëschter haat ech d'Méiglechkeet un enger Konferenz deelzehuelen, wou ët ëm déi "onfair" Art an Weis geet, Kleeder hierzestellen. D'Konferenz gouff vum Daniela Ragni gehaal, d'Ex-Directrice vun Fairtrade an Ënnerstëtzerin vun "Hungry Planet" vun Caritas Lëtzebuerg.

Jiddereen den sech en T-Shirt vun 3 Euro keeft, den wees, dass ët nët méiglech as, mat dem Praiss een passablen Loun un d'Textilaarbeschter ze bezuelen. An trotzdem schëngt ët nët vill Leit ze intresséieren, oder déi meescht wessen ët nët aanescht! Dobai kënnt nach, dass nët jiddereen genuch Suen huet, fir sech deier Kleeder ze kaafen. Dann gëtt ët schwiereg eng Léisung ze fannen.

Duerch eng Präsentatioun wéi "Fashion Victims" gin d'Leit informéiert an Thema gëtt engem méi no bruecht. An der Konferenz gëtt ënnert aanerem och d'Accident zu Bangladesch vun lëschtem Joer thematiséiert, Duerch dëst Onglëck as dat kritescht Thema an "d'Schlagzeilen" komm, an dobäi sin mir all Dag domat konfrontéiert. Grad d'Moud- an d'Fashion-Szene as eng Bling Bling-Gesellschaft. Ët geht ëmmer ëm vill Suen an vill Unerkennung. D'Haaptpersonnagen hannert den Riesen-Moudeketten stiechen Milliounen an. Déi puer Euro wou sie denen ofgin, déi am meeschten dofir schuften, sin lächerlech.

Dobai muss een och wëssen dass Textilaarbeschter 12 Stonnen den Dag, 6 Deeg d'Woch an dat ouni bezueltenen Congé, schaffen. Se sëtzen souguer hiert d'Lierwen op d'Spill wann een bedengt wéi ët an denen Fabriken mat der Secherheet ausgesäit.

Vill weider Lierwen stin nach um Spill, wann mir nët endlech eppes änneren. Ët fänkt bei den Keefer un, also kuckt nët ewesch...

Wann dir méi iwwert dëst Thema wëssen wëllt, dann gidd den 01. Juni 2014, tëscht 16h00 an 17h00 an d' "Moulin de Beckerich" luussen. Do hällt Daniela Ragni eng weider Konferenz.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen