Dienstag, 14. Juli 2015

Een GO fir d'GO Bikes...

Wen dreemt nët dofun, moies an owes den Traffic einfach ze emfueren, an denen Leit déi am Stau stin mat engem Laachen am Gesiicht ze wënken? Den Wonsch kann ech Iech nët zu 100% erfüllen, mee mat den neien GO-Bikes kann dësen Draam zu engem klëngen Deel Wiirklechkeet gin.

"Pedicabs" gin weltweit schon méi laang ugebueden an benotzt. Sie stëllen zumols an Chaos-Stiedt, wéi z.B. Paräis, eng bequem an zumols écologesch Alternative zun den Motor-bedriwwenen Verkéiermëttelen duer. Wou déi meescht Leit am Stau stin, an bei denen Meeschten d'Nerven schon firun der Arbescht um Ënn sin, ëmfueren déi elektrobedriwwen Velo-Taxien locker den Verkéierchaos.

Elo as ët dann och zu Lëtzebuerg endlech esou wäit: D'GO-BIKES feieren hieren Debüt.

Copyright: GoBike by B&D Concept Sàrl

Fir virun allem d'Awunner vun Lëtzebuerg unzeschwätzen, gin nët nëmen Touren am Staatzentrum sëlwer ugebueden, mee och Staatvéirel wéi Lëtzebuerg-Gare, Belair, Merl, Hollerëch, Bouneweg an Lampertsbierg gehéieren zu den Un- an Abfahrtsuertschaften (Präiss: 5€/Quartier). Mat enger Gesamtläng vun 152 Km un Velosweer am Staatzentrum profitéieren déi kleng Flitzer vun dësem groussen Virdeel géigeniwwer vun denen aaneren Verkéiermëttelen. 

Mee nët nëmmen fir d'Awunner gëtt eppes gebueden. Och Touristen an Lëtzebuerg-Fans sollen dofun profitéieren: Sougenannten City-Touren, mat Haaptfokus op déi wichtegst Attraktiounen, bidden eng gudd Alternative fir all déi, déi weder ze Fouss nach mam Bus d'Staat entdecken wëllen. Zumols bei dompegen Summerdeeg, bitt den Velo-Taxi een gudden Schutz firun der Hëtzt an der Sonn. Allerdëngs as den Go-Bike nët nëmmen een Schönwetter-Vergnügen, mee schützt, bei Bedarf, seng Beifuerer mat enger verschliessbarer Plastikfolie firun Reen an Keelt. 
Een Audioguide oder Erklärungen vum Chauffeur gin zu dësem Zeitpunkt nët ugebueden. Eng Tour dauert 1h30 an kascht 25€.

Och fir professionnell Klient'en as dëst een wonnerbaren Projet: Eng Werbefläche, déi den ganzen Dag an der Staat ronderem fiert - wat wëll een méi fir seng eegen Publicitéit :)

Eng fest Abfahrtsstatioun gëtt ët bis elo nët. Wann dir an der Staat ennerwee sidd dann haalt d'Aan no denen klengen Flitzer op an probéiert ët aus...


In a world that is becoming overwhelmed with too many cars, pedicabs offer a green alternative. They are human-powered taxis seen in many of the major cities around the world, but not yet in Luxembourg, until now: The Bike-Taxis have just arrived. You will find them in the City of Luxembourg. They offer a City-Tour, driving you to all the main sights in the center and around the city. The City-Tour lasts 1h30 and costs 25€.


Fir weider Infos oder Réservatiounen / For further information or reservations:

oder/or
info@go-bike.lu