Musik mat fetten Beats,
Menschen déi sech dorop bewegen an glecklësch Gesiichter, dat as
ët, wat d'Sophie, den Steven an den Olivier sech 2012 als Ziel
gesaat hun.
![]() |
http://www.luxuriant.lu/2013/01/sub-culture/ |
Hier ASBL, mam Numm Sub
Culture, gegrënnt am Abrëll 2012, konnt dëst schon en puer mol
ënner Beweis stëllen. Mat Soiréen, déi sech nët mat allgemengen Disco-Owenter
verglaichen loossen, bidden sie eng interessant Alternativ un. Sou
war et och geduecht, denen Leit eppes unzebidden, déi sech nët fir
David Guetta, 50 Cent oder aaner kommerziellen Pop-House-HipHop
interesséieren.
Mat engem Mix vun Drum
and Bass, Dubstep an zousätzlech e bessen Electro kommen d'Sub-
Culture-Soiréen immens gudd un. Boîten wéi Rocas, D:qliq oder
Soulkitchen sin ëmmer prall gefëllt, wann Sub Culture rifft. Den
Steven (Skrizza) an den Olivier (Oliver.d) üben, wann d'Zäit do as,
selwer als DJ den Genre vun Musik aus. D'Sophie as Studentin, mee
grad sou vun der Musik begeeschtert wéi seng Kollegen.
Fir d'Zukunft stin weider
Projet'en an Aussicht. E puer gréisser Events sin geplangt, déi
leider nach nët verroden gin.
En weidert Ziel vun der ASBL as ët,
en groussen Festival am klengen Lëtzebuerg ze organiséieren an
eventuell DJ-Workshops unzebidden. Leider fehlen oft d'Sponsoren, dat
wichtegst allerdëngs, d'Motivatioun, déi as rieseg.
Wen Interesse un der
nexter Soirée huet, den kann Freides, den 31. Mee am Exit07 dobäi sin. (Opgepasst! Plaatzen sin begrënzt)
Méi Informatiounen iwwert dësen Event
fannt dir op der offizieller FB-Säit:
http://www.facebook.com/events/119309438265666/
Tickets (10€) kritt dir ënnert:
https://www.e-ticket.lu/v2/entered.php?pg=det&lang=de&id=5156
Maacht ierch bei ;)